Fusioun FC Koeppchen Wormer - FC Vinesca Ehnen

26th April 2024

club logo

FC Koeppchen

Gudde Mëtteg léiw Memberen an Supporter vum FC KOEPPCHEN WORMER.

Gëschter Owend war e wichtegt Event fir iise Veräin.

Op iiser Aussergewéinlecher Generalversammlung ass fir eng Fusioun mam Noopeschveräin FC Vinesca Ehnen gestëmmt gin an esou wärte mir ab der kommender Saison 24/25 ënner dem Numm "FC KOEPPCHEN" untrieden an de Championnater vun iisen jeweilegen Equipen.


Waat ännert fir iise Veräin froot dir ierch eventuell?
Dëst ass an sech mat e puer Wuert beäntwert. Mir kënnen vun den Infrastrukturen an dem Terrain/den Terrainen zu Einen profitéieren, mir kënnen iis Finanzen bündelen an mir kënnen zuelräich néi Memberen zielen, déi gewëllt sin eng hand unzepaaken fir den FC KOEPPCHEN an Zukunft no fier ze bréngen an attraktiven Fussball an der Rieslingsgemeen unzebidden.


Mir si frou, dass et zu dëser Fusioun komm ass a freeën iis op eng Zukunft als EE VERÄIN aus der Rieslingsgemeen.


Äre Comité


-------------------


Bonjour chers membres et supporters du FC KOEPPCHEN WORMER.

Hier soir était un événement important pour notre club.

Lors de notre assemblée générale extraordinaire, une fusion avec le club voisin du FC Vinesca Ehnen a été votée, afin qu'à partir de la saison à venir, 24/25, nous puissions concourir sous le nom de "FC KOEPPCHEN" dans les championnats de nos équipes respectives.

Qu’est-ce qui va changer pour notre club, me demanderez-vous ?

La réponse est donnée en quelques mots. Nous pouvons profiter de l'infrastructure et des terrains, nous pouvons mettre en commun nos finances et nous pouvons compter sur un grand nombre de nouveaux membres prêts à donner un coup de main pour rapprocher le FC KOEPPCHEN d'un football attrayant dans la Rieslingsgemeen à l'avenir. offre

Nous sommes heureux que cette fusion ait eu lieu et attendons avec impatience un avenir en tant que UN CLUB de la communauté Riesling.

Votre comité



image